Den Dag vum eluxemburgensia.lu

Nationalbibliothéik invitéiert op den Dag vum eluxemburgensia.lu deen den Samschdeg 10. Juni 2023 vun 10 bis 16 Auer stattfënnt.

Dëst ass eng eenzegaarteg Geleeënheet , fir déi verschidden Aspekter vun der Digitalisatioun an dem elektroneschen Archivage vu Lëtzebuerger Dokumenter kennen ze léieren.

D’Participante wäerten net just déi gratis online Ressourcen entdecken, mee si ginn och méi iwwer d’Technologien, déi d’BnL asetzt, gewuer a léieren déi vill Projeten un deenen d’Bibliothéik schafft kennen, wéi z. Bsp. d’Notze vun der kënschtlecher Intelligenz.

An den Ateliere kënne Participanten och hier Iddien an Andréck deelen, iwwer hir Erfarunge mat eluxemburgensia.lu schwätzen an nei Entwécklunge fir de Portal proposéieren.

D'Seancë si gratis, mee et muss ee sech am Viraus umellen.

Et kann ee sech esou wuel fir eng eenzel ewéi och fir alleguerten oder e puer spezifesch Seancen umellen.

Umeldung: reservation@bnl.lu.

Den detailléierte Programm vum Dag kann am Anhang gekuckt ginn.

Pressematdeelung vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL)

Aktualiséiert