Nationalbibliothéik Lëtzebuerg // Le gouvernement luxembourgeois
Attributiounen
Den Ursprong vun der Nationalbibliothéik (BNL) geet bis 1798 zréck. D'Wierker, déi zanter dëser Zäit gesammelt goufen, sinn de Kär vum ale Fong a vum Fong vun der wäertvoller Reserv vun der Nationalbibliothéik. Dat eelst Stéck vun dëser Sammlung geet op dat VII. Joerhonnert zréck.
Noriichten
-
Den Dag vum eluxemburgensia.lu
Nationalbibliothéik invitéiert op den Dag vum eluxemburgensia.lu deen den Samschdeg 10. Juni 2023 vun 10 bis 16 Auer stattfënnt. Dëst ass eng eenzegaarteg Geleeënheet , fir déi verschidden Aspekter vun der Digitalisatioun an dem elektroneschen Archivage vu Lëtzebuerger Dokumenter kennen ze léieren.
-
Aluedung fir d'Table ronde "Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?" an der Nationalbibliothéik
Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell COVID-19-Kris, ma och d'Diskussiounen iwwert de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi een se säit Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden.