D' BNL

Den Ursprong vun der Nationalbibliothéik (BNL) geet bis 1798 zréck. D'Wierker, déi zanter dëser Zäit gesammelt goufen, sinn de Kär vum ale Fong a vum Fong vun der wäertvoller Reserv vun der Nationalbibliothéik. Dat eelst Stéck vun dëser Sammlung geet op dat VII.  Joerhonnert zréck.

Haut huet d'Nationalbibliothéik verschidde Missiounen.

  • Als Ierfschaftsbibliothéik sammelt, katalogiséiert, erhält an uräichert si an all de Kenntnisberäicher d'national Ierfschaft, fir déi si verantwortlech ass. Dofir erleedegt si folgend Saachen:
    • Si féiert d'Missiounen betreffend d'legaalt Lager geméiss den Artikel 10 duerch a verwalt d'Sammlungen, déi dovu kommen.
    • Si ergänzt dës Sammlungen duerch d'Acquisitioune vu Publikatiounen, déi duerch en anert Verfahren wéi d'Dréckerei gedréckt oder produzéiert goufen, déi am Ausland verëffentlecht goufen, an déi iwwert de Grand-Duché, seng Ressortissanten oder Awunner sinn, oder déi vun Autoren, déi Lëtzebuerger sinn oder mam Land ze dinn hunn, kreéiert goufen.
    • Si këmmert sech ëm d'Opstellung an d'Diffusioun vun der nationaler Bibliographie vun de Publikatiounen, déi am legale Lager erakomm sinn an déi zousätzlech zum legale Lager ugeschaaft goufen.
    • Si verwalt d'speziell Fonge vu seelen a wäertvolle Manuskripter, Drock, Grafikdokumenter, Gravuren, Kaarten a Plangen, Fotodokumenter, Abänn, Musiktexter an Audiodokumenter, Bicher mat Biller a vun Artisten.
    • Si konservéiert d'offiziell auslännesch Publikatiounen, déi vun internationalen Organisatioune kommen oder déi duerch d'Ëmsetzung vun internationalen Accorden ugeschaaft goufen. 
  • Als Wëssenschafts- a Fuerschungsbibliothéik, sammelt, katalogiséiert, konservéiert an uräichert si Sammlungen, déi net vu Lëtzebuerg kommen, vun Drock, elektronesche Publikatiounen, vun Datenbanken, Manuskripter, Audiovisuelldateien an Audiodateien. Si kann d'Funktioune vun enger Uni-Bibliothéik ausüben, geméiss Modalitéiten, déi mat den zoustännegen Instanzen ze bestëmme sinn.
  • Si këmmert sech ëm den Zougang un de Sammlungen un déi grousstméiglechst Zuel vu Persounen, inklusiv duerch d’Fernausléinen an d'Fernkonsultatiounen, andeems déi modernst Dateniwwerdroung-Technologië benotzt ginn.
  • Si këmmert sech ëm d'Koordinatiounsaufgabe vun de Lëtzebuerg Bibliothéiken, fir de kollektive Katalog vun dëse Bibliothéiken ze verwalten.
  • Si hëlleft bei der Entwécklung vun de Bibliothéikswëssenschaften op den nationalen an internationalen Niveauen.

Aktualiséiert