Eluxemburgensia.lu krut en neien Chatbot: kënschtlech Intelligenz am Déngscht vum Lëtzebuerger Patrimoine vum Drock

D'Sam Tanson, Kulturministesch, de Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik BnL, an de Carlo Blum, stellvertriedenden Direkter vun der BnL, hu Vertrieder vun der Press an de Medien op eng Presentatioun vum neie Chatbot vum eluxemburgensia.lu Portal agelueden. Den Chatbot versteet franséisch, däitsch, englesch an ënnerstëtzt de User bei senge Recherchen uechter d'Lëtzebuerger Geschicht. E proposéiert argumentéiert Äntwerten, déi sech op historeschen Artikelen aus der Press baséieren.

  1. ©BnL

    (l. op r.) Yves Maurer, Nationalbibliotéik Lëtzebuerg; Carlo Blum, stellvertriedenden Direkter vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg, Sam Tanson, Kulturministesch, Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg

    (l. op r.) Yves Maurer, Nationalbibliotéik Lëtzebuerg; Carlo Blum, stellvertriedenden Direkter vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg, Sam Tanson, Kulturministesch, Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg

  2. ©BnL

    Illustratioun

    Illustratioun

  3. ©BnL

    Illustratioun

    Illustratioun

  4. ©BnL

    Illustratioun

    Illustratioun

Mat Hëllef vun enger Technologie déi bei ChatGPT am Gebrauch ass – dem Conversatiouns-Agent mat kënschtlecher Intelligenz, dee vun OpenAI entwéckelt gouf –, konnten d'Experte vun der BnL digital Lëtzebuerger Dokumenter indexéieren, an esou eng performant Datebank op d'Bee stellen, mat där ee semantesch Recherchen duerchféiere kann. Dëse Fortschrëtt markéiert eng wichteg Etapp an der Missioun vun der BnL den Zougang zu hiren digitale Ressourcen op Lëtzebuergesch ze vereinfachen an auszebauen.

Et sief drop higewisen, dass den Chatbot en experimentellen Outil ass, dee gratis ass an op Distanz accessibel ass. Fir e benotzen ze kënnen, muss een sech mat senger Lieser-Kaart oder engem Google-Account umellen.

Den Chatbot ass op dëser Adress accessibel: chat.eluxemburgensia.lu.

Weider Informatiounen iwwert de Fonctionnement an d'Verwendung vum Chatbot fannt Dir online: chat.eluxemburgensia.lu/info.

Communiqué vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL)

Aktualiséiert